MĂ€in Numm ass Yannick Lieners an bei mĂ€r gouf am Alter vun 25 Joer eng chronesch myeloesch LeukĂ€mie diagnostizĂ©iert. LeukĂ€mie ass heelbar. Mee dofier brauch ech deng ËnnerstĂ«tzung. HĂ«llef am Kampf gĂ©int Blutkriibs an gĂ«ff Deel vum Plooschter Projet.

MÀin Numm ass Yannick Lieners an bei mÀr gouf am Alter vun 25 Joer eng chronesch myeloesch LeukÀmie diagnostizéiert.
De Plooschter Projet ass en Projet deen sech fier d’Sensibiliseierung an aktiv HĂ«llef  fier Leit mat dĂ«ser Diagnose ansetzt.

> Mei Informatiounen fënns du hei

Dei einfachsten an effektivsten Meiglechkeet ze hëllefen ass sech als Stammzellenspender registreieren ze loosen.

> Mei Informatiounen fënns du hei

Regelmeisseg Bluttspenden hëlleft och LeukÀmie Patienten

> Méi Informatiounen fënns du hei

HĂ«lleft beim Plooschterprojet an organiseiert ierch en „Passeport de Vie“

> Mei Informatiounen fënns du hei

DĂ€r kennt direkt en Don un Plooschterprojet maachen, hei Konto’s Nummer:

Titulaire: Plooschterprojet
BIC: CCPLLULL
IBAN: LU67 1111 7033 0252 0000

Mat dem gesammelten Geld ënnerstëtzen mer divers Fondatiounen.

> Mei Informatiounen fënns du hei

INFORMATION IN ENGLISH   
INFORMATIONS EN FRANÇAIS   
INFORMATIONEN AUF DEUTSCH   

WAT ASS DEN PLOOSCHTER PROJET?

 

Beim Yannick Lieners gouf am Alter vun 25 Joer eng chronesch myeloesch LeukÀmie diagnostizéiert. Hien kann seng Form vun LeukÀmie mat Pëllen behandelen. Am Laf vun senger Therapie kann et sinn, dass hien op eng Stammzellen- oder eng Bluttspende ugewisen sinn. Dat ass awer éischter onwahrscheinlech.

Et ginn awer Patienten, déi eng aner Form vun LeukÀmie hunn, an dës Patienten sinn op eng Stammzellenspende ugewisen. Dës Patienten maachen eng méi hefteg Form vun der Chemotherapie an sinn dono fir ca. 1 Mount gesond.

WÀhrend deem Mount mussen si en passenden Spender fannen, soss ginn si erëm réckfÀlleg an mussen déi ganz Therapie erëm vun fir ufÀnken. Leider fënnt zu Lëtzebuerg all 3. LeukÀmie Patient keen passenden Spender, well net genuch Leit registréiert sinn.
Fir deenen Leit ze hĂ«llefen huet den Yannick sech dozou entscheet, den Plooschter Projet ze starten. D’ Ziel vun dĂ«ser SĂ€it ass et, esou vill Leit wei mĂ©iglech dozou ze brĂ©ngen, sech fir d’Stammzellenspende registrĂ©ieren ze loossen an esou villĂ€icht engem LeukĂ€mie Patient d’ Liewen ze retten. Et ginn 4 MĂ©iglechkeeten, fir sech un dem Projet ze bedeelegen an jiddereen kann matmaachen:

ZIEL VUM PROJET

D’ Ziel vun dem ganzen ass op der enger SĂ€it eng SensibilisĂ©ierung vun den Leit an eng aktiv hĂ«llef fir kriibskrank Leit ze erreechen. Duerch eng Bluttspende muss een sech mat dem Thema befaassen an et kann een dobĂ€i engem aneren MĂ«nsch d Liewen retten!

MÀr perséinlech gëtt et och Kraaft am Kampf géint d LeukÀmie wann ech gesinn dass sech esou vill Leit wei méiglech un dëser Aktioun bedeelegen.

Dei einfachsten an effektivsten Meiglechkeet ze hëllefen ass sech als Stammzellenspender registreieren ze loosen.

> Mei Informatiounen fënns du hei

Regelmeisseg Bluttspenden hëlleft och LeukÀmie Patienten

> Méi Informatiounen fënns du hei

HĂ«lleft beim Plooschterprojet an organiseiert ierch en „Passeport de Vie“

> Mei Informatiounen fënns du hei

DĂ€r kennt direkt en Don un Plooschterprojet maachen, hei Konto’s Nummer:

Titulaire: Plooschterprojet
CCPLLULL LU67 1111 7033 0252 0000

DÀr kënnt awer och en Don eng Fondatioun maachen

> Mei Informatiounen fënns du hei

1. STAMMZELLEN-
SPENDER GINN?

Schrëtt 1: sech registreieren loossen

 

D‚KritĂ€ren heifir sinn:

Ab 16 mat AverstÀndnis vun den Elteren.

Wann een eemol registréiert ass, kann ee bis 60 Joer Stammzelle spenden.

Soss gëtt et gefeierlech fier den Spender.

Bei Iwwergewiicht an engem BMI vun iwwer 40 kann een net spenden.

Feelgebuerten sinn do mat agerechent (wéinst den Antikierper am Blutt)

Dofier muss den Froebou ausgefëllt ginn.

Du muss en festen Wunnsëtz zu Lëtzebuerg respektiv lëtzebuerger Nationalitéit hunn oder festen Wunnsëtz an DÀitschland respektiv dÀitsch Nationalitéit hunn

Dofir musst dÀr nëmmen eng Blutanalyse maachen.
All d’Bluttanalysen sinn selbstverstĂ€ndlech gratis.

Et brauch een keng Ordonnance an et brauch een net aniichter ze sinn.

Et brauch een sech just emol am Liewen ze registréieren . Egal bei wéi enger Associatioun an a wéi engem Land, well et kennt een ëmmer an déi weltwÀit Datenbank.

Iwwer d’ Nummer (+352) 8002 40 40 kĂ«nnt der och ganz einfach en Rendez-vous huelen an dann kĂ«nnt en(g) InfirmiĂšr(e) bei iech Heem oder op d‘ Aarbecht. Hei musst der just Bescheed soen, dass dĂ€r iech als Stammzellespender registrĂ©ieren wĂ«llt.

www.pickendoheem.lu

Der kĂ«nnt och Ă€r Bluttanalyse an alleguerten den Laboratoiren vun eisen Partner „Picken Doheem“ an „BioneXt LAB“ maachen.
Eng Lëscht mat den Laboratoiren fannt der op:

 

 

 

 

 

www.pickendoheem.lu

 

 

Der kennt awer och an all den folgenden Laboen iech registréieren loossen:
Laboratoires Ketterthill
www.ketterthill.lu
Laboratoires Réunis
www.labo.lu
gesond.lu
CHL  (Aschreiwung am Spidol)
www.chl.lu

Schrëtt 1:
Wie wird man Stammzellenspender?

Schrëtt 2:
Was ist eine Stammzellenspende?

Schrëtt 2: Dei eigentlech Spend:

Daat geschitt nëmmen wann daer als Spender an Fro kommt.

Et kann sinn dass daer nie geruff wĂ€ert ginn fier eng Stammzellenspende ze maachen (d’ Chance lĂ€it bei ca. 5%). Wann awer een LeukĂ€mie Patient op aer Stammzellen ugewisen sollt sinn, gidd daer kontaktĂ©iert an dann kennt et zu enger “richteger” Spende (daat wĂ€r den 2 SchrĂ«tt).

95% vun den geruffenen Leit spenden hier Stammzellen iwwert d’Blutt. DĂ«sen Fiergang dauert duerchschnĂ«ttlech 3-4 Stonnen.

An deem Fall musst dÀr een méi genauen medizineschen Check maachen an dann mat engem Traitement (Sprëtzen, déi dÀr iech selwer doheem sprëtzen kennt) wÀhrend 5 Deeg Àert Knochenmark ureegen loossen. Dono kennt dÀr dann déi tatsÀchlech Stammzellenspende maachen: Dauer: 3 bis 5 Stonnen (an verschiddenen FÀll muss een  den Dag drop erëm kommen) an Àr KÀschten ginn iwwerholl.

An AusnamefĂ€ll kann och eng Entnahm aus dem Beckenkamm nĂ©ideg sinn. DĂ«st fĂ«nnt Ă«nner Narkose statt an et muss een mat 2 – 3 Deeg Openthalt am Spidol rechnen. An mat dĂ«ser Spende kennt dĂ€r engem LeukĂ€mie Patient d’ Liewen retten!

Fier déi tatsÀchlech Spende (Schrëtt 2) musst daer an en Spidol an DÀitschland fueren. Déi Leit, déi als Stammzellespender erausgesicht goufen, mussen zu Birkenfeld (DÀitschland; ca. 1 Stonn mam Auto) oder Köln hier Stammzellen spenden.

An dĂ«sem Fall muss gin all d’KĂ€schten vun der Stefan Morsch Stiftung iwwerholl, d‘ Spende ass also gratis!

D‘ Stefan Morsch StĂ«ftung huet eng Zesummenfassung vun den wichtegsten Froen erstallt.

> HĂ€ufig gestellte Fragen Stefan Morsch Stiftung

> Am Laboratoire musst der een Formulaire iwert Àren Gesondheetszoustand ausfëllen
an dann kennt dÀr eng Bluttanalyse maachen fir Àren HLA-Typ erauszefannen.

> MannerjÀreger mussen nach eng Awëllegung ErklÀrung vum Erzéiungsberechtegten ausfëllen loossen.

„LEUKÄMIE ASS HEELBAR“

TÉMOIGNAGEN

LeukĂ€mie ass heelbar: Dei eng hunn sech an d’Datenbank androen geloos, an konnten esou Liewen retten, dei aner haaten d’GlĂ«ck duerch eng Stammzellenspend eng Therapie kĂ«nnen unzefenken.
Hei en puer Témoignagen:

DONNEUR / SPENDER

fbtmdn

Main Numm ass Karin an ech hunn 38 JoĂ«r. Virun 2 Meint gouf ech fir d’aller eischt opreiert… Ech krut Stammzellen vum Beckenkamm geholl fir enger leukĂ€miekranker Patientin ze spenden.
Ech hat mech den 17 Juli 2018 um Zolwermuart beim Stand vum Plooschter Projet registreieren geloss an gouf op den Dag selwer dat Joër drop ugeruff fir weider Tester ze maachen. Et huet sech rausgestallt datt ech den perfekten Spender wÀr fir eng Amerikanesch Patientin.
D’Chance, sain geneteschen Zwilling ze fannen leit ongefeier bei 1 zu 1 Milloun. Ech hat dei Eier, enger Dame aus den USA meng Stammzellen ze spenden. An et deet absolut NET weih.
Dat Gefill, enger Persoun mat puer Stammzellen d’Liewen retten ze kĂ«nnen, ass onbezuelbar.
Duerfir losst iesch registreieren, dir schenkt vlait iergendengem op deser Welt eng 2.Chance an virun allem d’Hoffnung ob en gesond Liewen ❀

nora

Ech hun mech 2018 bei enger Aktioun vum Plooschter Projet bei mir an der Schoul als Stammzellenspender anschreiwen geloos, mam Gedanken dass ech souwisou net geruf wĂ€ert gin. Am Oktober 2019 krut ech dann op eemol den Unruf, dass ech villeicht als Spender an Fro kommen geif. Mat engem Zidderen am ganzen Kierper krut ech dann gesoot dass et awer keint sin dass et villeicht en aaneren Spender geif gin deen mam Patient besser iwwerteneen stemmen geif an sie mir geifen Bescheed soen. Rem mam Gedanken, dass ech souwisou net geruf gin an no enger Blutanalys, hun ech dann op den entscheedenden Unruf gewart. Am November ass deen dann och komm, mat der Noricht dass ech deen passenden Spender wier. Dono ass alles zimlech seier gangen..Ufank Dezember sin ech dann op Birkenfeld gefuer, wou ech nach eng Keier alles ganz genau erklĂ€rt krut, sie hun nach eng keier Tester gema, ech misst FroenbĂ©i ausfellen an enerschreiwen dass ech et wierklech wel. Ouni ze zögeren hun ech dem zougewellegt, well ech neicht ze verleieren haat. Den 11. Dezember war dann och schon meng Spend, ech misst just een Dag do bleiwen, wĂ€hrend 5 Stonnen well et domat duer gangen ass. Ech krut d‘Meiglechkeet enger Fra vun 30 Joer aus den USA d‘Liewen ze retten.
Doweinst kann ech irch nemmen bieden dat selwecht ze machen, irch registreieren ze lossen, an enger aanerer Persoun iergendwou op der Welt d‘Chance ze gin weider ze liewen an Zeit mat hieren Leiwsten ze verbrengen.

alessandra

Ech posten net oft eppes an wann dann ass et wĂ©i och 98% vun den LĂ©it eng zimmlech onbedeitend Foto aus der Vakanz dĂ©i een onbedĂ©ngt jidderengem well mat deelen well een dat einfach als flott ugesĂ©it. Ech hunn mech haut decidĂ©iert eppes vill mĂ©i Wichteges ze deelen an puer Wieder dozou ze soen wat dat ganzt fir mech bedeit. Ech hat haut d’Éier engem MĂ«nschen dĂ©i lescht Chance ze ginn fir em sĂ©in Liewen ze kĂ€mpfen. Fir ganz genau ze sinn, hunn ech virun 2 MĂ©int, dem 6 Oktober e Uruff kritt, den mir matgedeelt huet dass ech eventuell fir eng Stammzellespend gĂ©ing a fro komm. Wou den gudden HĂ€r mir dat um Telefon erzielt huet, hat ech ganz vergiess dass ech mech virun ongefĂ©ier 10 Joer als Stammzellespender enregistrĂ©ieren gelooss hat. Natierlech hunn ech mech direkt hannert den Computer gesat fir weider Recherchen iwwert dat ganzt ze maachen. Den Moment denkt een sech nĂ€ischt Grousses dobĂ€i well een dovun iwwerzeegt ass dass ProbabilitĂ©it esou winzeg ass an dass een souwisou net a Fro kennt. Dat nennt een dann wuel Falsch geduecht, Ă©ier ech mech komplett konnt mat dem Thema auserneen setzen hunn se mir no villen Bluttanalysen an medezineschen komplett check dann den 6 November op mĂ©in Aarbechtshandy ugeruff fir mir ze soen dat ech Fit genuch an och komplett Kompatibel sinn mat enger Persoun dĂ©i am Moment em sĂ©in Liewen kĂ€mpft an fir dĂ©i ech seng lescht Chance sinn. Um Telefon selwer sinn ech nach emol gefrot ginn op ech mat der Spend averstanen sinn an ech konnt mir keng aner Ă€ntwert wĂ©i JO DEFINITIV virstellen. Schnell hellt d’Angscht een awer bĂ«ssi an, an et fĂ€nkt een un sech Gedanken ze maachen an sech Froen ze stellen. Ech gĂ©ing LĂ©ien wann net och bĂ«ssi ZwĂ©ifel dobai gewiercht wier. Mee keng vun den Ängschten sinn esou grouss gewiescht dass ech jeemools an ErwĂ€nung gezunn hĂ€tt et net ze maachen. Leider hunn mir all schonn vill ze vill MĂ«nschen un dĂ©i schlĂ«mm Krankheet verluer an et ass esou e klengen Opwand fir enger aner Persoun villĂ€icht en nĂ©it Liewen ze schenken. Ech hat haut d’Ă©ier enger Damm mett 50 an den USA ze hĂ«llefen. Dofir w.e.g loosst iech enregistrĂ©ieren an villĂ€icht sidd dir deen, dem engem aneren kann en nĂ©it Liewen ermĂ©iglechen!!! đŸ’Ș❀

cristina

Ech sinn d’ Cristiana an ech well dem Plooschter Projet Merci soen dass se emmer Werbung maachen fir dass d’Leit sech registrĂ©ieren, well et ass duerch esou eng Werbung dass ech dĂ«st Joer dĂ©cidĂ©iert hunn mech ze registrĂ©ieren a konnt dann haut engem HĂ€r vun 65 Joer an der Schweiz hĂ«llefen. Esou ee Gefill ass onbezuelbar! Villmools Merci 

Ech si sĂ€it Februar/MĂ€rz als Stammzellenspender registrĂ©iert an Enn Mee krut ech schonn ugeruff dass e LeukĂ€miepatient mat mir kompatibel ass. D’Spende sollt schonn am September si mee de Patient krut eng EntzĂŒndung an dofir misst et verrĂ©ckelt ginn. Mir haten eng kompatibilitĂ©it vun 100%! D’Spend war zu Birkenfeld. Ech misst 2 Deeg goen (1 Mol 5 Stonnen an 1 Mol 3 Stonnen) well den HĂ€r mĂ©i wĂ©i ech geweit huet an dofir ass den Ă©ischten Dag net duer gaang.

Was wĂ€re das Leben ohne Hoffnung? Seit genau heute vor 3 Monaten hoffe ich um das Leben eines 4-jĂ€hrigen MĂ€dchens aus Brasilien. Wir sind nicht verwandt und doch sind wir es irgendwie. Vor einer ganzen Weile hatte ich mich als Knochenmarkspender registriert. Dieses Jahr wurde ich dann kontaktiert, dass meine Blutwerte eventuell passen wĂŒrden. Nach weiteren Untersuchungen stellte sich dann heraus, dass es sogar perfekt passen wĂŒrde und ich wurde gefragt, ob ich mich bereit erklĂ€ren wĂŒrde fĂŒr den Patienten Knochenmark zu spenden. FĂŒr mich war die Antwort direkt klar. 

> kompletten Bericht lesen

Alda-DSC_0927-ret-carre

A l‘ñge de 37 ans, lors d‘une action pour un petit garçon atteint de leucĂ©mie, je me suis inscrite comme donneuse de cellules souches. Cinq ans plus tard, j‘ai eu la grande chance de pouvoir faire le don Ă  Birkenfeld, pour une patiente atteinte de leucĂ©mie. Quelques heures de ma vie pour aider une jeune patiente, qui est maintenant guĂ©rie et mĂšne une vie normale. N‘hĂ©sitez pas, faites-vous enregistrer comme donneur de cellules souches. C’est un geste qui sauve des vies.

PP-LucTheisen-cropped-14122017

Wann een sech bei der DKMS an d‘Datebank andreiht a gesot kritt wei kleng dat d‘Chance ass fir engem aneren kĂ«nnen ze hĂ«llefen da rechent een natierlech net domat fir schonns annerhalleft Joer duerno a Fro ze kommen fir seng Stammzellen dĂ€erfen ze spenden.

> kompletten Bericht lesen

Gilles Schmitz

“ Mellt eech als Stammzellenspender. Chance fir gerouf ze gin leit bei 2%. Ech han mech letzt Joer beim Laboratoire Ketter Thill aagemellt. Am MĂ€rz 2015 gouf ech bei der Stefan Morch Steftung an Weltweit Datenbank agedroen. …“

> kompletten Bericht lesen

stemmcelldonation 5

“ Virun e puer Joer haat ech mech, am Kader vun enger Mobiliseierungsaktioun vum Plooschter Projet an der DKMS, spontan als potentielle Stammzellspender registrĂ©iere gelooss. Ech hunn mer geduecht: et deet net wĂ©i, et kascht nĂ€icht, et ass schnell gemaach, an enner EmstĂ€nn kann een engem schwĂ©ier kranken Mensch eng Chance op en neit Liewen ginn. …“

> kompletten Bericht lesen

RECEVEUR / EMPFÄNGER

liz

Soulaang een net betraff ass, ass et engem oft egal, mee et kann leider jiddereen allzÀit treffen.
Am Alter vun 17 Joer denkt een net un eppes SchlĂ«mmes wann een FĂ©iwer, SchĂŒttelfrost an den Bauch wĂ©i huet.
Mee et koum awer dunn anescht an no enger ZĂ€it koum Diagnos dass ech een T-Zell Lymphom, mĂ©i einfach gesot LymphdrĂŒsekriibs am IV Stadium hĂ€tt. Domat hat wierklech keen gerechent.
Direkt huet missen reagéiert ginn an dunn krut ech bannent puer Deeg schonn meng éischt Chemo zu Homburg.
No 8 Zyklen war ech erliichtert an hunn geduecht ech hĂ€tt et iwwerstaan, mee leider huet d’Schicksal et net gutt mat mir gemengt.
Den Kriibs ass erëmkomm an direkt stoung fest dass meng eenzeg Chance et ze packen eng Stammzelletransplantatioun wier.
MÀin Liewen war deen Moment ofhÀngeg vun enger Entscheedung déi eng friem Persoun géif treffen.
Ech hat immens Gléck an hunn zimlech schnell een passenden Spender fonnt. Fir hien war direkt kloer dass hien mir wéilt hëllefen an mir eng 2 Liewenschance géif erméiglechen.
Ouni deen wonnerbaren Mënsch géif ech elo net méi hei sëtzen an iech iwwerzeegen iech ze registréieren.
Gëff och Du Stammzellespender an vlÀicht waart iergendwou ob der Welt DÀin geneteschen Zwilling hoffnungsvoll op Deng Hëllef oder Du op seng.

david

La leucĂ©mie myĂ©loĂŻde aiguĂ« (LMA) m’est tombĂ©e dessus le 3 avril 2018 quand j’avais 30 ans. En tant que mĂ©decin gĂ©nĂ©raliste, j’accumulais avec les consultations de jour et les gardes de nuit au moins 70 heures de travail par semaine pendant toute la pĂ©riode hivernale. C’Ă©tait probablement la raison pour ma fatigue majeure. J’avais donc pris 3 jours de congĂ©s en plus le weekend pour me reposer. Je pensais que ça allait suffire avec 5 jours de repos.

Entre temps, on me disait que j’Ă©tais pĂąle, j’avais des marques violettes (pĂ©tĂ©chies) sur mes Ă©paules aprĂšs le port de mon sac Ă  dos, le goĂ»t des aliments Ă©tait diffĂ©rent et je manquais d’appĂ©tit. AprĂšs une promenade, je devais faire une longue sieste. Le lundi au travail j’ai dĂ©cidĂ© de faire une prise de sang. En attendant les rĂ©sultats je commençais mes consultations. Je prenais un paracĂ©tamol pour mes maux de tĂȘtes qui ne partaient pas.

Je vĂ©rifiais rĂ©guliĂšrement en ligne si mes rĂ©sultats sont arrivĂ©s, mais la numĂ©ration formule sanguine n’apparaissait toujours pas. Finalement l’aprĂšs-midi, le biologiste du laboratoire m’appelait pour me dire que mes rĂ©sultats sont catastrophiques, que j’avais une pancytopĂ©nie (les globules rouges, blancs et les plaquettes sont basses) et la prĂ©sence de blastes au dessus de 20% (des cellules immatures de la moelle osseuse). La vie que j’avais connue s’Ă©tait mise en arrĂȘt Ă  cet instant. J’Ă©tais hospitalisĂ© le jour mĂȘme en hĂ©matologie au CHL. AprĂšs la ponction de moelle osseuse, l’hĂ©matologue m’annoncĂ© les rĂ©sultats et que j’avais la LMA. Le monde s’Ă©croulait Ă  ce moment lĂ  Ă©galement pour mes proches qui Ă©taient prĂ©sents.

Pendant la premiĂšre chimiothĂ©rapie, on m’annonçait que suite aux tests gĂ©nĂ©tiques, ma leucĂ©mie Ă©tait de mauvais pronostic et que j’avais besoin d’une greffe de moelle qui Ă©tait le seul moyen pour pouvoir guĂ©rir. J’Ă©tais alors adressĂ© Ă  la clinique universitaire de Bruxelles pour m’inscrire sur la liste d’attente. AprĂšs 2 mois d’attente, un donneur potentiel a Ă©tĂ© identifiĂ© ce qui m’avais redonnĂ© une lueur d’espoir.

Entretemps les mois d’hospitalisations se suivaient avec des chimiothĂ©rapies, une centaine de transfusions sanguines/plaquettaires, un passage en rĂ©animation et 2 interventions chirurgicales pour complication infectieuse. Enfin en aoĂ»t 2018, j’ai eu la nouvelle que malgrĂ© la non-rĂ©ponse des 2 donneurs potentiels du Singapour, un troisiĂšme donneur potentiel des États Unis venait d’ĂȘtre trouvĂ© et qu’il Ă©tait prĂȘt.

Le 14 septembre 2018 aprĂšs un traitement prĂ©paratif incluant une chimiothĂ©rapie, une radiothĂ©rapie corps entier et une immunothĂ©rapie, j’ai finalement reçu ma greffe, une poche de cellules souches hĂ©matopoĂŻĂ©tiques prĂ©levĂ©e le jour mĂȘme aux États Unis.

Une personne anonyme m’a sauvĂ© la vie. Cette longue pĂ©riode Ă  alterner entre angoisse, incertitude, dĂ©sespoir et espoir, entre larmes et sourires a pris fin. Cette personne m’a donnĂ© une deuxiĂšme chance avec Ă©galement le support inĂ©puisable de mes proches et le personnel soignant. Chaque jour supplĂ©mentaire que je vis, je le dois Ă  cette personne Ă©trangĂšre et anonyme sans nom ni visage, mais Ă©galement si proche. Mon jumeau gĂ©nĂ©tique.

Un simple geste, le peu de temps que vous donnez pour vous inscrire comme donneur, peut donner des annĂ©es supplĂ©mentaires Ă  une personne dont les jours sont comptĂ©s. Devenez vous-mĂȘme donneur! Merci!

David Lam

Noah

Et war am AbrĂ«ll 2018 ech hat 13 Joer. WĂ©inst komeschen rouden Punkten un mengem Kierper sinn mir an een Blutttest gaangen, an den selwechten dach misst ech an d ‚Klinik. Leider wousst ech dunn nach net dass ech mĂ©in doheem net mĂ©i gĂ©if gesinn fir siwen MĂ©int. Dunn war ech vun LĂ«tzebuerg ob BrĂ©issel transportĂ©iert ginn. Ech sinn do bliwwen fir zwee an en hallwen Mount, dann duerno sinn ech mat mengen Elteren ob Hamburg transportĂ©iert ginn, zu Hamburg krut ech am Juli 2018 meng Stammzellentransplantatioun. Ech hat eng ganz schlĂ«mm Aplastech Anemia. Dat heescht dass meng Knachen keng Bluttzellen mĂ©i produzĂ©iert hunn. Dokteren hunn dann am Spender Register een perfekt passenden Spender fonnt. MĂ€in Spender huet mir mĂ€in Liewen gerett.

Ech wollt schonn Ă«mmer een WĂ«ssenschaftler ginn an no menger laanger ZĂ€it am Spidol sinn ech nach mĂ©i interessĂ©iert an der medezinescher WĂ«ssenschaft ginn. Ech wielt gĂ€ren spĂ©ider am LĂ©iwen un den Stamm Zellen schaffen, an den aneren Leit hĂ«llefen an hinnen d ‚Liewen retten.

lisa_berg-RET-carre

Am Juni krut ech d‘Diagnos akut myeloesch LeukĂ€mie, eng aggressiv Form vu LeukĂ€mie, bei dĂ€r sech sĂ©ier erausgestallt huet, dass mir nĂ«mme mat HĂ«llef vun enger Stammzelltransplantatioun kann d‘Liewe gerett ginn. No e puer MĂ©int intensiver Recherche gouf dunn e passende Spender aus DĂ€itschland fonnt a schonn am November 2015 krut ech d‘Transplantatioun gemaach. Ouni d‘Bereetschaft vum Spender fir seng Stammzellen ze spenden, wier ech vlĂ€icht haut net mĂ©i um Liewen.“

Leider huet d’Lisa am Dezember 2017 den Kampf gĂ©int den Bluttkriibs verluer

fullsizeoutput_550a


 Heute endlich werde ich meine Stammzellspenderin treffen. Zwei Jahre und 43 Tage habe ich auf diesen Tag gewartet, oft gedacht, ich werde ihn nicht erleben. Es ist schwer, zu beschreiben, was in mir vorgeht. Ich bin aufgewĂŒhlt, ich hoffe, dass sie mich mag, ich weiß, dass ich sie mögen werde. Ich habe Angst, zusammenzuklappen, mitten auf dem Bahnsteig. Inmitten all der Menschen, die in all den verspĂ€teten ZĂŒgen an diesem heißen Abend unterwegs sind.
Wir laufen los. U-Bahn zum Hauptbahnhof, inzwischen weiß ich, dass Pia mit etwa 30 Minuten VerspĂ€tung ankommt. Wir schreiben uns seit dem Morgen ununterbrochen WhatsApp-Nachrichten, beide haben wir uns diesen Tag frei genommen. Beide wollten wir uns – unabhĂ€ngig voneinander – in Ruhe auf dieses Treffen vorbereiten.
Und so lachen wir via Handy miteinander ĂŒber typischen MĂ€delskram wie „Was ziehe ich an?“ Schuhe? Tasche? Was machen wir morgen? Übermorgen?
Dann endlich schreibt sie „Ich sitze im Zug! Meinen reservierten Platz gibt es nicht, auch keine Klimaanlage! Ich MUSS duschen, wenn ich ankomme!“
Karin passt auf mich auf, lenkt mich ab, kauft nochmal KaltgetrĂ€nke, ich sage zum wohl hundertsten Mal, dass sie auf jeden Fall Fotos machen muss. Bloß nicht vergessen.
„Wir stehen auf freier Strecke!“ – Damit rechne ich seit Stunden. Die Bahn und Sommer in Deutschland, in der Regel geht das schief, wie ich aus leidvoller Erfahrung weiß.
Dann ein Anruf. Pia… ich sehe sie irgendwo in NRW in trockenem GebĂŒsch stehen, mein Herz rast. TatsĂ€chlich soll sie zusammen mit den anderen Passagieren den IC in Essen verlassen und mit einem Regio Richtung Aachen weiterfahren. Klimatisiert, immerhin. Die verspĂ€tete Ankunftszeit bleibt. Der Bahnsteig wird immer voller. Hunderte Menschen warten, ungeduldig, gereizt, aggressiv. Nur wenige sind entspannt. Ich zĂ€hle definitiv nicht dazu.
Der Zug fĂ€hrt ein, ich stehe am Bahnsteigrand und versuche, in jedes Fenster, jede TĂŒr zu blicken. Keine Chance. Zu schnell. Zu viele Leute, zu viel GedrĂ€nge.
Raus und rein geht es, ich klammere mich an meinen FĂ€cher, halte die HĂ€nde vor mein Gesicht. Wo ist sie bloß? Ist das der richtige Zug? Das richtige Gleis? Der Bahnsteig leert sich. Und da – ich sehe sie, ganz vom Ende des roten UngetĂŒms kommt sie auf mich zu. Ich erkenne das beschriebene Kleid und renne los, schubse, drĂ€ngle, quetsche mich zwischen erschrockenen Menschen durch, entschuldige mich im Lauf.
Und dann haben wir uns im Arm, ich muss heulen, sie hĂ€lt mich fest. „Alles ist gut!“ Karin kommt, sie hat fotografiert und muss auch ein bißchen schlucken. Endlich.
Ja. Alles ist gut. Wir „kennen“ uns aus unseren vielen Briefen und Karten, wir haben uns Vieles erzĂ€hlt, aber jetzt ist sie da. Wirklich und wahrhaftig. Eine schöne, fröhliche und witzige Frau. Zwölf Jahre jĂŒnger als ich und sieht aus wie Mitte 20. Unglaublich. Ich mag ihre Stimme. Ihr Lachen. Wir reden ohne Unterbrechung.
Es folgt ein Abendessen mit meiner engsten Familie. GesprĂ€che eine halbe Nacht lang. Ein FrĂŒhstĂŒck in aller HerrgottsfrĂŒhe, bloß keine Minute der kostbaren Zeit verplempern. Wir fahren und laufen durch die Stadt, reden ohne Unterlass. Keine Pause. Ein Glas Champagner in einer der schönsten Bars der Stadt. Ein Mittagessen. Ein bißchen Pause.
Und dann ein großes Fest mit den liebsten Freunden und allen, die mich begleitet haben in den letzten Jahren. Musik. GesprĂ€che. FreudentrĂ€nen. Emotionen pur. Der Abend wird lang, die Nacht ist kurz.
Wir feiern uns. Wir feiern das Leben. Wir feiern, dass wir uns so sehr mögen. Wir feiern mein Überleben.
Am nÀchsten Tag bringe ich sie mit meinem Bruder zum Bahnhof. Ich muss weinen, als der Zug aus dem Bahnhof rollt.
Ich habe eine kleine, erwachsene Schwester bekommen. „Gute Nacht, große Schwester in DĂŒsseldorf.“
Wir sehen uns wieder, ganz bald.

Quelle: beaKallen.blogspot.com

LIKE US, SUPPORT US, CONTACT US:

2. BLUTT-
SPENDER GINN

 

Hei sinn d Kriterien manner streng wéi bei der Bluttspend fir Stammzellspend:

Bluttspenden kënnen nëmmen Leit tëschent 18 an 70 Joer.

Persounen vun 45 bis 50 kg kennen och eng Plasmaspende maachen.

Bluttspender mussen voll an ganz gesond sinn, fier dass keen Risiko vun enger Infektioun o.Ă€. besteet.

No Reesen an verschidden Gebitter vun der Welt gëtt en als Bluttspender fir eng ZÀit gespaart.
Dei genau Gebitter fënns du ënner folgendem Link:
www.croix-rouge.lu/de/sauvez-une-vie

Virun der Bluttspende kennt dĂ€r och normal iessen. All weider Froen kennt dĂ€r um Telefon dĂ©i der Croix Rouge nofroen. D’ Bluttspende kann een Ă«mmer an der Staat (42, Boulevard Joseph II L-1840 Luxembourg) maachen an heiansdo op aneren Platzen am Land (cf. Internetsite). Virun der Bluttspende musst dĂ€r en Rendez-vous ausmaachen. Dat geet ganz einfach iwwert den Telefon: 27 55-4000.

All weider Infoen fannt dÀr um:

LIKE US, SUPPORT US, CONTACT US:

3. EN ORGANSPENDER PASS UFROEN

Et ass wichteg esou een ze hunn, well am Fall wou dÀr eng Organspend géift maache muss schnell gehandelt ginn. Normalerweis gëtt virun esou enger Entscheedung mat der Famill geschwat. Fir hinnen déi Entscheedung ofzehuelen an den Dokteren et ze erlaben, méi schnell ze handelen ass esou en Organspenderpass sënnvoll.

All d’Infoen zu deem Thema fannt dĂ€r um Site vun Protransplant. Bei weideren Froen wennt iech un Telefonsnummer: 00352 691535353.

DÀr kënnt Àren Organspenderpass einfach online ufroen an dann kritt dÀr den AuswÀis mat der Post Heem geschéckt. Dat kann een  um Site vun Protransplant maachen.

4. DON MACHEN

DĂ€r kennt direkt en Don un Plooschterprojet maachen, hei Konto’s Nummer:

Titulaire: Plooschterprojet
BIC: CCPLLULL
IBAN: LU67 1111 7033 0252 0000

Mam Verkaaf vun dësen Merchandise Artikelen sammelen mer och Suen fier den gudden Zweck:

Mat den Don’en Ă«nnerstĂ«tzen mer folgend Organisatiounen:

AANESCHT ËNNERSTËTZEN

 

Fier den Plooschterprojet ze ënnerstëtzen kënnt der folgenden Merchandise kaafen.
Entweder op engen vun eisen villen Registreierungsaktiounen oder per E-Mail op info@plooschterprojet.lu

Supporter Neck – 20€

PrÀis

20€ / St.

+ Versand op LĂ«tzebuerg: + 4,00€
+ Versand an d’EU: + 7,00€

Weider Info’en iwwer:

info@plooschterprojet.lu

Faarwen

Waïß,
Schwaarz/Orange,
Schwaarz/Waïß,
Orange/Waïß,
Orange/Schwaarz,
Gro,
Blo,
Gring,
Rout,
Rosa

Details

Gréissten: Unisize

Supporter Neck Vlies – 25€

PrÀis

25€ / St.

+ Versand op LĂ«tzebuerg: + 4,00€
+ Versand an d’EU: + 7,00€

Weider Info’en iwwer:

info@plooschterprojet.lu

Faarwen

Schwaarz/WĂ€iss
Schwaarz/Orange
Orange/Schwaarz
Blo
Giel

Details

Gréissten: Unisize

Supporter Shirt – 30€

PrÀis

30€ / St.

+ Versand op LĂ«tzebuerg: + 4,00€
+ Versand an d’EU: + 7,00€

Weider Info’en iwwer:

info@plooschterprojet.lu

Faarwen

Schwaarz mat waĂŻss/orangem Drock

Details

GrĂ©issten: S – XXXL
Style: Unisex
Qualitéit: 100% Bio-Kotteng

Supporter Armlace – 10€

PrÀis

10€ / St.

+ Versand op LĂ«tzebuerg: + 1,00€
+ Versand an d’EU: + 4,00€

Weider Info’en iwwer:

info@plooschterprojet.lu

Faarwen

Orange

Details

3 Gréissten: Kanner, Jugendlech an Erwuessener
Style: Unisex

SUPPORTER

De Plooschter Projet gëtt ënnerstëtzt vun:

For more images go to www.facebook.com/plooschterprojet

Le Plooschter Projet tient Ă  vous informer que, lors de leurs Ă©vĂ©nements, des photographies et/ou des films seront prises. Elles seront publiĂ©es par le Plooschter Projet en lien avec l’évĂ©nement sur leurs rĂ©seaux sociaux ou pages web. En cas de dĂ©saccord, veuillez en informer immĂ©diatement un responsable de l’association.

Unable to display Facebook posts.
Show error

Error: Error validating access token: The session has been invalidated because the user changed their password or Facebook has changed the session for security reasons.
Type: OAuthException
Code: 190
Subcode: 460
Please refer to our Error Message Reference.